Oflaaf vun enger Kannertherapie:
1. Kontakt obhuelen:
Mëllt Iech iwert Email oder Telefon bei mir fir en eischter Rendez-vous unzefroen
2. Eischten Rendez-vous (ouni Kand)
Fir den 1. Rendez-vous musst Dir eng Ordonnance vun engem Doctor matbrengen wou Ergotherapie verschriwen huet. Mat dëser Ordonnance kann ech en Accord de prise en charge beim ONE (Office Nationale de l'Enfance) ufroen.
An engem 1. Gespreich mat den Elteren kréien ech all wichteg Informatiounen an erfroen Ziler vun den Elteren
3. Eischt Treffen mam Kand
Ech erklären dem Kand waat Ergotherapie as an fannen zesummen mat him eraus firwaat hatt well bei mech kommen.
D'Ziler gin definéiert.
4. Duerchféierung vun der Therapie
Duerch eng kognitif Approche (CO-OP) haalen ech Kand motivéiert bei senger Therapie an sichen mat him zesummen no den Problematiken an natirlech och no den Léisungen fir sain Alldag besser ze meeschteren.
5. Enn vun der Therapie
Zum Schluss vun der Therapie kucken ech nach emol zesummen mam Kand waat hatt alles an dëser Zait engesaat huet.