Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Är Ergotherapie-Praxis zu Tënten:

An menger Praxis "Ergotherapie Claudine Bausch" lëen ech vill Wert ob fachlech fondéiert, modern an individuell Betreiung. 

Hand an Hand schaffen ech zesummen mam Client dorun seng Handlungfäegkeet an seng Liewensqualitéit ze verbesseren. Un Hand vun sengen  Staerkten an Ressourcen wielen ech déi passend ergotherapeutesch Methoden an Konzepter eraus fir dass den Client seng selwer gesaaten Ziler erreechen kann.

An menger Praxis schaffen ech haaptsächlech mat Kanner déi:

  • Stéierungen oder Retard'en an hirer Entwécklung
  • motoresch Defiziter
  • Wahrnehmungs- an Wahrnehmungsveraarbeschtungsstéierungen
  • Opmierksamkeetsdefiziter /Hyperaktivitéitsstéierungen
  • sozio-emotionell an psychosozial Problemer
  • schoulesch Problemer wei Leserechtschreibschwäche, Dyskalkulie

hunn.

Ausserdeem schaffen ech och mat Erwuessenen déi:

  • neurologesch Krankheeten (Hiereschlag, Parkinson, Multipel Sklerose,..) oder 
  • geriatresch Problemer (Demenz) hunn.